Installatioun vu Markisen iwwerall zu Lëtzebuerg

Markise sinn effikass a gläichzäiteg elegant Sonneschutzléisunge fir Äre Bausseberäich. Si kënnen iwwer enger Dier, enger Schibefënster oder enger Terrass installéiert ginn a suergen de ganze Summer iwwer fir Schiet an angeneem Temperaturen. METALICA iwwerhëlt d’Installatioun vu Markisen a ganz Lëtzebuerg.

Frot en Devis!

Verbannt Wuelbefannen an Eleganz – mat enger Markis!

Markise schützen net just Är Fënsteren an Dieren, mä killen och den Terrassen- a Banneberäich vun Ärem Doheem.

Et ass eng Sonneschutzléisung, déi direkt dräi Funktiounen erfëllt: Eng Markis spent Schiet, wann d’Sonn dobaussen dréckt, si schützt virun Onwiederen a ronnt mat senger Ästheetik den Design vun Ärem Haus of.

Dacks gi Markisen iwwer gréissere Fënsterdieren, Balconen oder Terrasse verbaut. Well eng Markis däitlech méi effikass ass wéi en normale Prabbeli, wäert Dir sécherlech geschwënn net méi op Är Markis verzichte wëllen!

Devis ufroen

Blendschutz

Schluss mat Sonnebrand an zougepëtzten Aen! D’Markis schützt Iech op eng effikass Manéier géint d’Sonn.

Sonneschutz

D’Sonnenastralung gëtt miniméiert – d’Markis suergt fir eng agreabel Ambiance am Hallefschiet.

En ästheeteschen Design

Eng Markis ass vill méi elegant wéi en einfache Prabbeli a léisst sech un all Baustil upassen.

Thermesch Protektioun

Eng Markis suergt fir manner héich Temperaturen, well och manner Sonn an d’Haus erafält.

Eis Partneren

“Eis bescht Produkter fir Iech!”, dat ass schonn ëmmer eise Credo gewiescht. Dëst huet sech bis haut net geännert mat eise Markisen “Made in Europe”.

Am Domän Sonn & Wunnraum huet sech d’Firma WAREMA als wichtegen Acteur am Beräich vum Sonneschutz etabléiere kënnen. METALICA schafft enk mat WAREMA zesummen a suergt mat der Produktgamm fir Schiet bei Iech doheem – an dat iwwerall zu Lëtzebuerg.

Meeschtgestallte Froen

  • 1. Wat sinn d’Virdeeler vun enger Markis?

    Markisen hunn e puer Avantagen. Si bidden en effikasse Schutz virun direkter Sonnenastralung, soudatt et bei Iech doheem manner waarm gëtt. Esou profitéiert Dir d’ganzt Joer iwwer vun agreabelen Temperaturen a musst d’Klimaanlag net esou vill ukéieren. Donieft filtere Markisen d’Dagesliicht, wouduerch Dir manner vun der Sonn verblent gitt a gläichzäiteg d’Privatsphär bei Iech doheem garantéiere kënnt. Doriwwer eraus kënnt Dir mat enger Markis besser vun Ärem aktiv benotzbare Bausseberäich profitéieren – eng Markis schützt nämlech souwuel vun ze héijer Sonnenastralung wéi och vu Reen.

  • 2. Wéi wielen ech déi passend Markis?

    Beim Choix vun Ärer Markis sollt Dir op eng Rei vu Saachen oppassen. Éischtens ass et wichteg, d’Plaz auszemoossen, fir déi richteg Gréisst vun der Markis bestëmmen ze kënnen. Duerno ass et och vu Wichtegkeet, e Material auszewielen – souwuel fir d’Toile wéi och fir d’Struktur -, dat Äre Besoinen entsprécht. Kuckt, datt Dir dës Faktoren dobäi berécksiichtegt: Nohaltegkeet, Wiederbestännegkeet an Ästheetik. Ausserdeem sollt Dir Iech iwwer eng méiglech Motoriséierungs- a Steierungsoptioun informéieren, wéi z. B. Telecommanden oder Sensore fir e maximale Confort am Ëmgang mat Ärer neier Markis.

  • 3. Wéi halen ech meng Markis propper a fleegen se?

    Hei sinn e puer wäertvoll Tipps fir d’Fleeg an den Entretien vun Ärer Markis:

    1. Reegelméisseg ofstëbsen: Benotzt beim Ofstëbse vun Ärer Markis eng duuss Biischt fir den ugesammelten Dreck. Widderhuelt de Virgang vum Ofstëbsen a reegelméissegen Ofstänn – esou verhënnert Dir, datt sech Schmotz a Stëbs laangfristeg festsetzt.

    2. Stoft botzen: Fëllt en Eemer mat wotlechem Waasser a gitt en duusst Botzmëttel dobäi. Elo kënnt Dir mat engem Schwamp oder enger net ze graffer Biischt a reegelméissege Kreesbeweegungen iwwer de Stoft vun Ärer Markis fueren. Evitéiert dobäi ze aggressiivt Botzmëttel a reift och net ze staark driwwer, well dëst d’Beschichtung vum Stoft beschiedege kéint.

    3. Ausspullen net vergiessen: Nodeems Dir de Stoft vun der Markis gebotzt hutt, vergiesst net, dat Ganzt mat klorem Waasser auszespullen, fir Seefereschter z’evakuéieren. Gitt dobäi uecht, datt Dir sämtlech Deeler vun der Markis – souwuel de Stoft wéi och de Rescht vum Gestell – am Fong ofspullt.

    4. Dréchne loossen: Loosst Är Markis komplett un der Loft dréchnen, ier Dir se nees afuert. Evitéiert, d’Markis anzefueren, wann de Stoft nach net vollstänneg gedréchent ass. Schimmel kann sech bilden an doriwwer eraus och onangeneem Gerécher.

    5. Gestell noschmieren: Wann Är Markis mat engem Gelenkmechanismus ekipéiert ass, da sollt Dir dëse vun Zäit zu Zäit mat engem adequate Produit wéi z. B. Silikonueleg noschmieren – esou ass e laange Fonctionnement vun Ärer Markis assuréiert.

    Passt doriwwer eraus och dorop op, datt Dir d’spezifesch Consignë vum Constructeur vun Ärer Markis anhaalt, wat d’Fleeg an den Entretien ugeet. Dës kënnen nämlech jee no Modell variéieren.

Dir sidd es leed, fir am Summer um Iessdësch vun der Sonn verblent ze ginn? Dann entscheet Iech fir en Openthalt am Schiet mat Design!

Storen

Sonneschutz an thermesch Protektioun d’ganzt Joer iwwer

Entdecken

Storen

Fir eng besser Gestioun vun der Liichtquell

Entdecken