Dieren- a Fënsterefabrikant zu Lëtzebuerg zanter 1956
Eng breet Gamm u Fënsteren an Diere fir Äre Bau- oder Renovatiounsprojet.
Gratis Devis ufroenKommt an de Showroom vu Metalica op Esch-Uelzecht!
An eisem eenzegaartege Showroom vun iwwer 500 m² presentéiere mir Iech eng breet Gamm un Dieren, Fënsteren a Schibefënsteren aus Aluminium, Holz, Holz-Aluminium oder PVC. Fir Iech ze hëllefen, Iech Äre Projet besser virzestellen, sinn all Typpe vu Fënsterrummen an enger reeller Situatioun ausgestallt – esou wéi bei Iech doheem – inklusiv enger Sonneschutz-Léisung (Store oder Rolllued) souwéi enger Bausseverkleedung. Zousätzlech entdeckt Dir bei eis bioklimatesch oder verglaaste Pergolaen a reeller Gréisst, fir Äre Gaart an Är Terrass nach méi agreabel ze gestalten. Bei Ärer Visitt bei eis steet Iech e spezialiséierte Beroder zur Säit, deen Iech bei der Ausaarbechtung vun Ärem Bau- oder Renovatiounsprojet fir Äert Haus kompetent ënnerstëtzt.
Adress vum Showroom:
181 rue de Luxembourg
L-4222 Esch/Alzette
Ëffnungszäiten:
Vu Méindeg bis Freideg: 9h00 – 18h00
Samschdeg: 09h00 – 13h00
D’Produkter vu Metalica uweisen
Eis Realisatiounen
Iwwer d’Joren hunn divers Institutiounen, Architekten, Promoteuren a privat Clienten eis hiert Vertraue geschenkt, fir hire Projet an d’Realitéit ëmzesetzen. Mir invitéieren Iech, e puer vun eise Realisatiounen entdecken ze kommen, déi Iech fir Äre perséinleche Projet inspiréieren, wann et ëm Är Fënsteren, Dieren a Pergolae geet. Mir hoffen, datt mir Iech mat eisem Knowhow vun eise Kapazitéite fir Ären zukünftege Projet iwwerzeege kënnen.
Entdeckt eis Realisatiounen
