Eis Aktivitéit
Sech bedéngungslos wuelfillen am eegenen Doheem, ass eng wichteg Saach! Dobäi wëlle mir Iech mat eisem Knowhow ënnerstëtzen.
Eis Produkter schützen Iech virun Abriecher a suergen – banne wéi baussen – fir héchsten thermesche Confort. Dofir hu mir bei METALICA eng ganz Panoplie u Produkter am Sortiment, wéi Fënsteren an Dieren, Sonneschutzsystemer, Glas- a Metallfassaden esouwéi innovativ Pergolaen a Verandaen.
Ob Hausdieren aus Aluminium oder Holz, Fënsteren aus Aluminium, PVC, Holz oder Holz-Aluminium oder domotesch Léisungen: Mir hunn déi leeschtungsfäegst Modeller um Maart, fir Iech méi wéi just eng Fënster no baussen hin unzebidden.
Vun der thermescher an akustescher Isolatioun iwwer ergonomesch Léisungen a Confort bis hin zu der Sécherheet: All d’Aspekter vum dagdeegleche Liewe ginn analyséiert a bei der Konzeptioun an Hierstellung vun eise Produkter berücksichtegt.
Kommt an entdeckt eise Showroom zu Esch-Uelzecht!

Eis Wäerter
D’Wäerter vun engem Betrib bilden d’Fundament. Bei METALICA gleewe mir u grondleeënd Wäerter, op deenen eis Aktivitéit baséiert. Si sinn e Spigel vun der Aart a Weis, wéi mir souwuel mat eise Partnere wéi och mat eise Clienten zesummeschaffen an eis géigeniwwer hinne verpflichten. Aus dëse Grënn leien eis follgend Wäerter besonnesch um Häerz:

Ëmsetzung vun organisatorescher, industrieller an administrativer Optimiséierung.

Anhale vun de Delaien, Berécksiichtegung vun de Käschten an de Bedierfnesser vun de Clienten.

Permanent Weiderentwécklung duerch eng Verbesserung vun eise Servicer a Produkter.

Kontinuéierlech Verbesserung duerch d’Garantéiere vun der Qualitéit vun all eise Materialien an eisem Personal, wat sech permanent weiderbilt.

Sécherheet vun all eise Beschäftegen ënner allen Ëmstänn garantéieren.

Fair an equilibréiert Präisleeschtung.

Komplett Integritéit bei all eisen Aktivitéiten.

Ekologeschem Usaz nogoen duerch d’Reduzéiere vun Offäll an eng optiméiert Energieeffizienz vun eise Gebaier.
Eis Zertifizéierungen
METALICA ass zwar virun allem um Lëtzebuerger Marché aktiv, ma déi national an international Konkurrenz gëtt ëmmer méi grouss. Virun dësem Hannergrond musse mir sécherstellen, datt mir mat den neien Technologien, ma awer och mat den neiste Standarden an der Baubranche Schratt hale kënnen.
Haut huet METALICA net manner wéi véier Zertifizéierungen, déi eisen Engagement an Knowhow ënnersträichen.
METALICA ass ISO 9001- 2015 zertifizéiert. Dës Norm fixéiert eng Partie Ufuerderungen, déi am Kader vu Management an Organisatioun erfëllt musse ginn. Zu dësen Ufuerderunge gehéiert beispillsweis d’Fäegkeet, permanent Produkter a Servicer bereetzestellen, déi de gesetzlechen Ufuerderungen an den Ufuerderunge vun eise Clienten entspriechen.
Dëse Label gëtt vun der Chambre des Métiers ausgestallt a geet un Entreprisen, déi sech op de Bau an d’Sanéierung vu Gebaier mat héijer Energieeffizienz spezialiséiert hunn.
Eis Produkter a Servicer droen de Label vum Made in Luxembourg! Iwweregens sinn all eis Dieren, Fënsteren a Pergolaen am Showroom an der Géigend vun eisen Atelieren zu Esch-Uelzecht ausgestallt.































