Firwat sollt een sech fir Fënsteren op d’Mooss entscheeden?
Maacht Äert Doheem fir d’Welt dobaussen op! D’Fënstere si wéi d’Ae vun Ärem Doheem. Si erlaben Iech ze kucken, Liicht a frësch Loft eranzeloossen a mat Ärer Ëmgéigend ze kommunizéieren.
Si schützen Iech awer och virun allen negative Faktore vun der Welt dobausse wéi extreemer Keelt oder Hëtzt, staarke Wand, Stierm oder Abréch. Si garantéieren Iech Sécherheet a Privatsphär. Eng Duebelroll, déi net ëmmer einfach z’erfëllen ass… ausser Dir wielt déi bescht Technologie fir Äert Doheem!
Éier Dir Iech fir nei Fënsteren an Dieren entscheet, sollt Dir Är Besoine genee kennen. Egal ob Dir en aalt Gebai renovéiert oder en neit baut, e Passivhaus, eng Residence oder e Büro: Wéi wier et mat Fënsteren op d’Mooss vu Metalica?
Devis ufroen![]()
Eng grouss Gamm u Fënsterrummen
Mir kënnen Iech eng grouss Pallett un Aluminiumsrumme proposéieren, grad esou wéi Rummen aus Holz, Holz-Aluminium, PVC a PVC-Aluminium!
![]()
Designer Fënsteren
Ob aus Aluminium, Holz oder PVC – eis Fënstere passen sech dem Design vun Ärer Architektur un!
![]()
Héije Sécherheetsniveau
Dir wielt de Standard, deen am beschte fir Är Situatioun passt: RC1, RC2, RC3
![]()
Héich Energieeffizienz
Fir Iech déi beschtméiglech Energieeffizienz ze bidden!
Aluminiumsfënstere fir e minimalistesche Stil
Firwat erfreet sech den Aluminium esou enger grousser Beléiftheet?
Aluminium léisst sech gutt un all méiglech Formen upassen – dëst spillt eng weesentlech Roll. Donieft passen Aluminiumsfënstere perfekt an d’zäitgenëssesch Architektur, besonnesch an nei Gebaier. Duerch hir schmuel Profiller hunn si e minimalistesche Look, deen ëmmer besser bei de Clienten ukënnt. Mä dat sinn net déi eenzeg Virdeeler: Hir grouss Stabilitéit souwéi hir Wiederbestännegkeet garantéieren eng laang Liewensdauer. Aluminium ass voll recycléierbar an dofir och e ganz beléift Material fir ekologesch Bauprojeten.
Déi thermesch-isoléiert Profiller garantéieren donieft och eng optimal Energieeffizienz, egal ob d’Fënsteren duebel oder dräifach verglaast sinn. Bei METALICA proposéiere mir 100 % personaliséierbar Aluminiumsfënsteren an -dieren – ob um Niveau vun der Faarfpallett, de Formen, den Dimensiounen, de Steierungssystemer, de Lackfaarwen an der Finitioun…
Entdeckt all eis Aluminiumsfënsteren!
PVC-Fënstere fir all Zort vu Konstruktioun
Genee esou wéi Aluminium ass PVC e Material, dat eng exzellent thermesch an akustesch Isolatioun garantéiert. Et ass och korrosiounsbestänneg a präislech interessant. Dëst mécht eis PVC-Fënsteren zu engem gudde Choix, wann et ëm d’Präisleeschtung geet. Ausserdeem passt dësen Typ vu Fënsteren zu all architektoneschem Stil.
Dir renovéiert grad? Oder sidd am gaangen ze bauen? A béide Fäll kënnt Dir Är Fënsteren esou konfiguréieren, datt se zum gewënschten architektonesche Stil passen. Dëst ass net nëmmen dank de ville Konfiguratiounsoptiounen (Kipp-Dréi-Fënsteren, Kippfënsteren, Schibefënsteren asw.) a Material-Imitatiounen am PVC (Holz, Metall asw.) méiglech, mä och dank enger ganz breeder Faarfpallett, déi Dir jee no Goût erauswiele kënnt.
Entdeckt all eis PVC-Fënsteren
Holzfënstere fir en natierleche Look
Holz ass dat Material schlechthin, dat zanter Generatioune schonns fir d’Fabrikatioun vu Fënsteren an Diere benotzt gëtt. Holz weess duerch e geréngen Impakt fir d’Ëmwelt an exzellent Isolatiounswäerter z”iwwerzeegen – doduerch ass et den ideale Choix, fir bei Renovatiounsaarbechten oder engem Neibau vu Passivhaiser an den Asaz ze kommen. Ob eng modern oder éischter traditionell Architektur: Fënsterrummen aus Holz oder Holz-Aluminium sinn zäitlos. Doriwwer eraus ass et och bei den Holzfënstere méiglech, d’Konfiguratioun ganz no Äre Besoinen ofzeschléissen: Mat méi wéi 55 verschiddene Finitiounsoptioune bidde mir och hei fir Iech Fënsteren op d’Mooss.
Entdeckt all Zorten vun Holzfënsteren, disponibel bei Metalica!