Genéisst kill Temperaturen am Héichsummer mam richtege Sonneschutz
Sonneschutz a Verdonkelungssystemer hunn net just den Zweck, Iech virun der Sonnenastralung ze schützen. Och a punkto Energieeffizienz vun Ärem Gebai spille si eng wichteg Roll – egal ob et sech ëm eng Wunneng oder en Haus handelt. De richtege Choix ass deemno vu grousser Wichtegkeet. Eegenen sech Rolllueden am beschten? Oder awer éischter Storë mat verstellbare Lamellen? Egal wéi Dir Iech entscheet – METALICA installéiert Rolllueden, Storen a Markisen direkt bei Iech doheem.
Devis ufroen![]()
Verstäerkt thermesch Isolatioun
Zoue Rolllueden a Storen erweisen sech als zousätzlech Isolatiounsschicht tëscht dem Fënsterglas an dem Bausseberäich.
![]()
Zousätzlech Sécherheet
Duerch speziell konzipéiert Sécherheetssystemer disponibel als Optioun.
![]()
Confort a Wuelbefannen
Duerch eng besser Gestioun vun der Luminositéit.
![]()
E personaliséierte Choix
Aus enger grousser Gamm vu verschiddene Produkter fir Ären individuelle Besoin.
Eng breet Panoplie u Rolllueden, disponibel bei METALICA.
Mir bei METALICA bidden Iech 14 verschidde Verdonkelungssysmter fir baussen. Dozou gehéiert e ganzt Sortiment u Rolllueden. Hiren Design füügt sech perfekt un d’Architektur vun Ärem Haus, ma och hir Wiederbestännegkeet an Nohaltegkeet si positiv ervirzesträichen.
Mat Rolllueden aus PVC oder Aluminium mat verstellbare Lamelle kënnt Dir d’Afléisse vum Dagesliicht an Äre Wunnraum besser steieren. Klassesch Rolllueden dogéint loosse frësch Loft duerch an halen hellt Dagesliicht komplett of. All eis Rollluede kënne mat motoriséierte Systemer ekipéiert ginn. De Virdeel dobäi? Steiert ganz einfach all Är Sonneschutzsystemer bequeem vun Ärem Smartphone oder Ärer Tablet aus.
Entdeckt eis ganz Gamm u Rolllueden!
Storen a Screens fir eng effikass Gestioun vun der Luminositéit
Wärend Rolllueden Äert Haus op eng effikass Manéier virun der Keelt an ze hellem Liichtfloss schützen, bidden Iech Storen eng prezis Steierung vun der Sonnenastralung. Zumools Storë mat verstellbare Lamellen, méi prezis feinen Aluminiumslamellen, schützen Är Privatsphär, ouni dobäi Äre Wunnraum komplett an d’Däischtert ze versetzen.
Mikroperforéiert Textilscreens dogéint sinn effikass Verdonkelungssystemer aus Stoft. Si suerge fir en optimale Schütz géint d’Hëtzt.
Entdeckt eis ganz Gamm u Storen!
Markise bidden Iech perfekte Schiet op Ärer Terrass
Markise si kleng Auventen oder Sonneschutzvirriichtungen, déi an der Reegel iwwer enger Terrass montéiert ginn. Si bidden net just méi Confort, ma verleeden Ärem Haus och e ganz spezifeschen Design.
Allerdéngs sinn dëst net déi eenzeg Virdeeler: Markise spillen nämlech och eng wichteg Roll, wann et ëm de Sonneschutz geet. Iwwer Ärer Terrass, Ärem Balcon oder Patio installéiert, spenden Iech virun allem Markisen aus Stoft Schiet, wann d’Sonn am héchste steet.
Entdeckt eis ganz Gamm u Markisen!