
Service Après-Vente
Mir intervenéiere virop bei Fënsteren an Diere vu Metalica. Wann Dir e Probleem mat Ären Dieren, Fënsterdieren, Schibedieren, Hausdieren, Storen oder Rolllueden hutt, kritt Dir vun eiser Ekipp vum Service Après-Vente gehollef. Si steet Iech zur Verfügung, fir Äre Probleem schnellstméiglech ze behiewen.
Interventioun ufroenVertrag “Zen”
Mat dëser Solutioun fir den Entretien vun Äre Fënsteren an Diere bleift Dir ganz entspaant. D’Formule ZEN riicht sech ausschliisslech u Metalica-Clienten!
- Verlängert d’Liewensdauer vun Äre Fënsteren,
- Fir dauerhaft waasserdicht a gutt isoléiert Produkter,
- Profitéiert prioritär vun eisem Service Après-Vente,
- Geséchert Garantie*
*En adequaten Entretien ass d’Viraussetzung fir d’Funktionalitéit vun Äre Fënsteren an Dieren.
Een Entretien pro Joer, fir datt Dir ganz entspaant bleiwe kënnt:
- Kontroll a Reglage vu Fënsteren a Schibedieren,
- Kontroll a mechanesche Reglage vun Hausdieren,
- Kontroll an Nozéie vu Fixatiounen,
- Kontroll an Entretien vun den Dichtungen,
- Kontroll vu Rolllueden a Storen

Maintenance vu Gebaier
Keen oder schlechten Entretien vu Fënsteren an Diere kann en negativen Impakt op d’akustesch an d’thermesch Isolatioun vun engem Gebai hunn – mat dësen Auswierkungen:
- méi héich Heizungskäschten,
- méi héich Käschte fir d’Klimatisatioun,
- manner gutt Akustik vu baussen zum Nodeel vun de Bewunner bannen.
Mat eiser Entretiensoffer gitt Dir dëse Probleemer aus dem Wee. Nieft dem richtegen Astelle vu Fënsteren an Dieren, dat fir en impeccabelt Funktionéiere vun de Produkter essenziell ass, beinhalt eise Joresentretien och d’Noschmiere vun de mechanesche Stécker, fir hir Liewensdauer ze verlängeren.
Bleift entspaant mat eisem Entretiensvertrag fir Är Fënsteren, Schibedieren an Hausdieren.
Devis ufroen