Montage vu PVC- a PVC-Aluminium-Fënsteren zu Lëtzebuerg

PVC-Fënsteren a PVC-Aluminium-Fënstere passen sech un all Architektur un a garantéiere laangfristeg Energieapsuerungen. Mir bei METALICA montéieren nohalteg an ästheetesch PVC-Alu-Fënsteren a ganz Lëtzebuerg.

Frot en Devis online!

Firwat PVC fir Fënsteren?

PVC-Fënstere sinn opgrond vun hirer interessanter Präisleeschtung ganz beléift. PVC ass net nëmmen e Material mat gudden thermeschen Isolatiounswäerter, mä och ganz einfach am Entretien. Doriwwer eraus passt PVC zu alle Stiler vu Gebaier – vun traditionell bis modern. Fënsteren aus PVC sinn also de perfekte Choix bei Renovatioune vun alen Haiser awer och Konstruktioune vun neie Projete wéi Eefamilljenhaiser oder Residencen.

Esou braucht Dir Iech de Kapp iwwer den ideale Choix vum Material net méi ze zerbriechen – PVC passt bei alles! PVC-Fënstere kënnen all erdenklech Formen unhuelen, esoudatt se perfekt un de Gesamtdesign vun engem Gebai ugepasst kënne ginn.

Donieft si PVC-Fënsteren net just méi interessant am Präis, ma wëssen och mat hirer Durabilitéit z’iwwerzeegen: Och bei eventuellen Impakter, zolitten Onwiederen an aneren Ëmstänn, déi optriede kënnen, bleiwe PVC-Fënstere jorelaang eng Valeur sûre.

Devis ufroen

En eleganten Design op d’Mooss

Eng Hellewull u verschiddene Fënsterzorte stinn Iech zur Verfügung.

E breede Choix u Faarwen

Eng grouss Pallett un ënnerschiddleche Faarfkombinatiounen an Ausféierunge souwéi Holz- a Metallimitatioune sinn disponibel.

Effikass thermesch Isolatioun

Mat der niddreger thermescher Konduktivitéit vu PVC.

Bewise Widderstandsfäegkeet

Sécherheet duerch Metallverstäerkungen an de Fënsterfligelen an an der Rumm.

PVC-Fënstere vu Schüco

Fënstere ginn am Alldag vill op- an zougemaach. Dobäi kann et zu engem reellen Challenge ginn, datt d’Fënstere weiderhin wéi den éischten Dag iwwer eng laang Zäit funktionéieren. Dofir huet sech Metalica fir e PVC-System vun der Mark Schüco, deemno fir eng exklusiv däitsch Produktioun, entscheet: Hei garantéieren de Choix vun de Materialer an de Profiller eng besonnesch héich Durabilitéit.

Doriwwer eraus sinn dës Fënstere mat engem 7-Kammer-Fënstersystem ekipéiert. Si hunn eng Abaudéift vun 82 mm a sinn dräifach verglaast, wat sech als extreem energieeffizient Moossnam erwisen huet. Mat dëser Konzeptioun si Schüco-Fënsteren haut e weesentlecht Element beim Bau vu Passiv- an Niddregenergiehaiser. Ob fir de Bau fir residentiell oder kommerziell Gebailechkeeten oder fir Renovatiounsaarbechte bei eeleren Haiser – dës PVC-Fënstere sinn eng Garantie fir exzeptionell gutt Isolatiounswäerter.

  • 7-Kammer-Fënstersystem

    Fir Uf-Wäerter vu bis zu 0,96 W/(m²K).

  • Resistenzsklass RC2

    Fir en héije Schutz virun Abréch

  • Bis zu 2 bis 3 Ofdichtungsniveauen

    Fir en optimale Schutz viru Loftstréimungen, Kaméidi dobaussen a Fiichtegkeet.

PVC-Aluminiumsfënstere vu Josko

PVC-Aluminiumsfënstere bréngen d’Virdeeler vu béide Materialer op de Punkt: Extreem gutt thermesch an akustesch Isolatiounswäerter vu PVC an d’Robustheet souwéi déi modern Ästheetik vun Aluminium. Dës Kombinatioun suergt fir eng méi héich Liewensdauer, Wiederbestännegkeet an och Sécherheet bei Iech doheem. Doriwwer eraus maachen et déi schmuel Profiller vun Aluminiumschassise méiglech, datt méi Dagesliicht duerch d’Fënster an Är Wunnraim fléisse kann. De Bedarf un Entretien ass minimal an d’Fënstere bidden insgesamt eng exzellent Präisleeschtung an eng héich Recycléierbarkeet, well d’Materialer ëmweltfrëndlech sinn.

D’Produktfamill Topas vu Josko gëllt als Astigsmodell an ass interessant fir all Portmonni – ouni awer mussen Ofstrécher bei Design a Funktionalitéit ze maachen.

Mat de PVC-Alu-Fënstere Safir vereent d’Firma Josko direkt e puer Qualitéiten: schlanken Design, Wäermt a Stabilitéit. Doriwwer eraus bitt d’Produktgamm Safir mat senge schmuelen, mä awer stabille Fligelrummen e bessert Afale vum Dagesliicht.

  • No baussen hi bündeg Finitioun

    D’Produktgamm Topas ass bausse bündeg mat Glas a Rumm an erweist sech esou als ideal Léisung fir eng modern a linear Architektur.

  • No banne licht versat

    Topas ass no bannen hi liicht versat. Fënster-Chassisen ouni Leescht gesinn net just méi schéin aus, mä sinn och méi einfach z’ënnerhalen. D’Konstruktioun huet nämlech keng weider Jointen.

  • Eckverbindungen agreabel an einfach ze botzen

    Amplaz vun der üblecher U-Form, breet a kanteg verdéiften Eckverbindungen, gi Josko-Fënsteren am PVC seriëméisseg a Jointe mat V-Form konzipéiert; mam Resultat, datt se méi einfach ze botze sinn.

  • Adaptéiert Konzeptioun bei Renovatiounen

    Renovatiounsaarbechte kënnen e groussen Impakt op d’Fassad vun engem Gebai hunn. D’Produktlinn Topas wierkt deem entgéint. Si ass mat schlanke Systemstäerkten ekipéiert a kann och bei eeleren Haiser mat méi schmuele Baussewänn montéiert ginn.

Eis Partneren am PVC a PVC-Aluminium

En eleganten Design, deen sech der Architektur upasst an Isolatiounswäerter virweist, déi kompatibel si mat Passivhaiser: Dëst sinn d’Krittäre fir de Choix vun all eise Fënsteren.
Fir dësen héije Standard z’erreechen, huet sech METALICA mat zouverlässege Partneren zesummegedoen. D’Zil? Iech de beschte Choix u Fënsteren an Dieren unzebidden.

Genee wéi fir den Aluminiumsberäich, huet et sech METALICA zur Missioun gemaach, Iech PVC-Chassise vun héchster Qualitéit unzebidden. Aus dësem Grond hu mir PVC-Fënstere vu Schüco am Sortiment.

Déi éisträichesch Firma Josko ass dofir bekannt, leeschtungsfäeg an optesch uspriechend PVC-Alu-Rummen z’entwerfen. METALICA ass den exklusiven Distributeur vu PVC-Alu-Fënstere vun der Mark Josko zu Lëtzebuerg. Kommt an eise Showroom op Esch-Uelzecht an entdeckt eis komplett Gamm u PVC-Aluminium-Fënsteren.

Meeschtgestallte Froen

  • Wat sinn d’Virdeeler vu PVC-Fënsteren am Verglach zu anere Materialer?

    PVC-Fënstere weisen dacks eng Partie Virdeeler op, déi aner Materialer wéi Holz, Aluminium oder Stol net onbedéngt hunn:

    1. Thermesch Isolatioun: PVC-Fënstere bidden eng exzellent thermesch Isolatioun. PVC ass e Material, wat net empfindlech ass op Temperaturen, Hëtzt oder Keelt net leet, wouduerch de Verloscht vun der Bannentemperatur evitéiert gëtt. En agreabelt Klima mécht sech also bei Iech doheem breet, wouduerch Käschte fir Heizungs- a Klimaanlage gedréckt kënne ginn.

    2. Loft- a waasserdicht: PVC-Fënstere sinn esou konzipéiert, datt se loft- a waasserdicht sinn. D’Gummi- a Silikondichtunge bei PVC-Fënstere suerge fir eng gutt Ofdichtung a verhënneren, datt onerwënscht Loft oder Fiichtegkeet andréngt. Dëst dréit zu engem insgesamt bessere Raumklima bäi a wierkt preventiv géint Kondenswaasser a Schimmel.

    3. Durabel, wéineg Entretien: PVC-Fënstere si wieder- a korrosiounsbestänneg a resistent géint Thermitten an aner Schädlingen. PVC ass e Material, wat durabel ass, präiswäert an der Produktioun a seng Funktionalitéit iwwer d’Jore bäi behale kann. Esou si PVC-Fënstere laangfristeg en zouverlässege Choix. Donieft sinn si liicht z’ënnerhalen: Si mussen net ugestrach ginn a kënnen einfach mat duussem Seefewaasser gebotzt ginn.

    4. Abordabel: PVC-Fënstere sinn an der Reegel méi gënschteg wéi Holz-, Aluminium- oder Stolfënsteren. Déi méi käschtegënschteg Produktioun spiert Dir och an Ärem Portmonni. Dëst mécht PVC-Fënstere fir vill Clienten extreem interessant.

    5. Design a perséinlech Gestaltung: PVC-Fënstere sinn an alle méigleche Formen, Faarwen a Stilrichtungen disponibel. Si bidden also vill Flexibilitéit am Kader vum Design a perséinlecher Gestaltung a sinn deemno einfach un ënnerschiddlech Baustiler a perséinlech Virléiften unzepassen.

    Et soll een allerdéngs dorop oppassen, datt d’Performancen an d’Avantagë vu PVC-Fënstere jee no Qualitéit vum Material, der Konzeptioun an dem Abau staark variéiere kënnen.

  • Wat ass d’Liewensdauer vu PVC-Fënsteren?

    PVC-Fënstere si fir hir Durabilitéit bekannt. Allgemeng gëtt hir Liewensdauer op 20 bis 40 Joer geschätzt. Et ginn allerdéngs e puer Facteuren, déi déi tatsächlech Liewensdauer vu PVC-Fënstere beaflosse kënnen, wéi z. B. d’Qualitéit vum Material, de korrekte Montage an de reegelméissegen Entretien.

    Wann se aus héichwäertegem Konschtstoff hiergestallt sinn an se richteg agebaut ginn, kënne PVC-Fënsteren dem Wieder, dem Sonneliicht, den Temperaturwiessel an aneren Aflëss vu bausse standhalen, ouni séier ofzenotzen. PVC ass e widderstandsfäegt Material, dat net korrodéiert an net ugestrach muss ginn.

    Fir d’Liewensdauer vu PVC-Fënsteren ze verlängeren, sollten se awer reegelméisseg gebotzt, d’Dichtungen an d’Funktiounsmechanismen inspizéiert an de Consignë vun den Hiersteller no adequat ënnerhale ginn.

    Déi genee Liewensdauer vu PVC-Fënstere ka jee no Gebrauch, Expositioun géigeniwwer Wiederaflëss an dem Grad vum Entretien ënnerschiddlech ausfalen.

  • Wéi ënnerhalen ech PVC-Fënsteren?

    Fir d’Fleeg an den Entretien vun Äre PVC-Fënstere sollt dir dës Consignë respektéieren:

    1. Reegelméisseg Botz: Botzt Är PVC-Fënsteren a reegelméissegen Ofstänn fir ze verhënneren, datt sech Dreck, Stëbs an aner Oflagerungen usetzen. Benotzt bei der Botz wotlecht Waasser mat enger duusser Seef. Evitéiert aggressiv Chemikalien, déi Är PVC-Fënstere beschiedege kënnen.

    2. Dichtungen a Jointen ofwëschen: Benotzt e mëllt Duch oder e Schwamp, fir d’Jointen an d’Fënsterofdichtungen ofzewëschen. Esou kritt Dir Oflagerungen einfach gebotzt an d’Funktionalitéit vun der Fënster bleift garantéiert.

    3. Mechanismen noschmieren: Wann Är Fënstere mat Mechanisme wéi Jarnéieren, Schinnen o. Ä. ekipéiert sinn, dat gëtt recommandéiert, dës Deeler reegelméisseg nozeschmieren, fir d’Funktionalitéit vun de Stécker weiderhin ze garantéieren. Dobäi ass et wichteg, en adequat Mëttel ze benotzen, déi fir déi spezifesch Mechanisme gëeegent sinn, oder op d’Angabe vum Hiersteller opzepassen.

    4. Dichtungen iwwerpréiwen: Kontrolléiert reegelméisseg, ob d’Dichtungen an d’Gummie vun Äre Fënsteren nach intakt sinn. Sollt Dir Unzeechen u Beschiedegunge feststellen, dann ersetzt se sou séier wéi méiglech fir ze verhënneren, datt Loft oder Fiichtegkeet andréngt.

    5. Schréipsen evitéieren: Gitt bei der Botz virsiichteg vir, fir Schréipsen an der Uewerfläch vum PVC z’evitéieren. Benotzt dofir ëmmer en duusst Duch a vermeit spatz oder haart Géigestänn, wann Dir un de Fënstere wierkelt.

    6. Virun UV-Strale schützen: PVC-Fënstere kënnen empfindlech op UV-Strale reagéieren. Storen, Riddoen a Sonneschutzfolie verhënneren eng direkt Sonnenastralung. Esou kënnt Dir evitéieren, datt d’Fënsterrumme séier verblatzen.

    Wann Dir dës Consignë respektéiert, bleiwen Är PVC-Fënstere laang propper, funktional an ästheetesch schéin.

Maacht e Schrëtt an d’Zukunft mat PVC-Fënsteren!

Aluminiumsfënsteren

Fir eng laang Liewensdauer

Entdecken

Holzfënsteren

Fir zäitlos Produkter

Entdecken