Firwat eng Pergola oder eng Veranda fir Äert Doheem?
Ganz einfach! Ob Dir Iech am Summer virun der staarker Sonnestralung schützen oder am Wanter vun all méiglecher Liichtquell profitéiere wëllt: Pergolaen a Verandaen erfëllen all Är Besoinen. Si erweisen sech all eng reell Erweiderung vun Ärem Doheem a bidden esou eng Hellewull un Avantagen an dëst nieft der simpeler Freed, Äre Gaart oder Är Terrass ganz einfach genéissen ze kënnen. Gestioun vun der Temperatur, akustesch Isolatioun, Panoramabléck, en neie Wunnraum fir Äert Doheem … Entdeckt sämtlech Virdeeler!
Devis ufroen![]()
En neie Wunnraum entsteet
Vun deem Dir Wanter wéi Summer profitéiere kënnt.
![]()
E verbesserte Wäermemanagement
Fir Äert Doheem an de Bausseberäich.
![]()
Optimiséiert Luminositéit am Banneberäich
Mat gliesenen Diecher, Wänn an anere Panorama-Fënsteren.
![]()
Installatioun op d’Mooss
Mat enger Konzeptioun, adaptéiert un Är Besoinen.
Eng bioklimatesch Pergola fir eng optimal Temperaturgestioun
Dir dreemt dovun, fir Äre Bausseberäich – ob Terrass oder Gaart – zu all Zäit genéissen ze kënnen? Mat der bioklimatescher Pergola ass dat elo méiglech. Si huet sech séier zu engem Must ënnert de Pergolaen entwéckelt: Mat hire verstellbaren Aluminiumslamelle léisst se sech un ënnerschiddlech Wiederkonditiounen upassen.
Sinn d’Lamellen zou, da schützt si Iech virun UV-Stralen a reeneregem Wieder. Sinn se op, da kann d’frësch Loft zirkuléieren an d’Liicht sicht sech säi Wee duerch den Daach eran. Dës Pergola ass iwwerdeems bedeitend méi widderstandsfäeg wéi normal Markisen: Si hale staarke Wand aus a si sou konzipéiert, datt se zu 100 % waasserdicht sinn.
Donieft schützt eng bioklimatesch Pergola och virun héijen Temperaturen a ka fir eng gutt Loftzirkulatioun suergen. Gläichzäiteg bitt si och en Iwwerdaach fir Är Terrass, Äre Balcon oder Patio, wou d’Pergola installéiert gëtt.
Entdeckt eis komplett Gamm u bioklimatesche Pergolaen!
Eng verglaaste Pergola, genéisst méi Liicht
Am Géigesaz zu enger bioklimatesch Pergola verfüügt eng verglaaste Pergola iwwer e Glasdaach, deen d’Sonnestralen direkt eraléisst.
Wärend d’bioklimatesch Pergola d’Temperatur an d’Loftzirkulatioun geréiere kann, fungéiert d’Pergola mat Glasdaach als optimal Liichtquell fir Äert Doheem. Esou kënnt Dir vum kompletten Dagesliicht profitéieren, ganz egal, ob Dir Iech an de Wunnraim dobannen oder an Ärer Pergola ophaalt.
Entdeckt eis verstellbar verglaaste Pergolaen!
D’Veranda, e richtegen zousätzleche Wunnraum
Hutt Dir d’Gefill, datt et Ärem Doheem un engem zousätzleche Wunnraum feelt?
Dann ass dat eventuell en Zeechen, datt et Zäit gëtt fir eng Veranda bei Iech doheem! Eng Veranda ass nämlech eng reell Erweiderung vun Ärem Wunnraum doheem, deen Dir ganz no Äre Wënsch benotze kënnt: als Iess- oder Spillzëmmer, als Wantergaart … Dir hutt de Choix!
De Prinzip vun der Veranda? Eng zoue Struktur mat Glas-Schibedieren. Doduerch kreéiert d’Veranda eng Miniversioun vun engem Treibhauseffekt, deen Är iwwerdaachten Terrass opwiermt. Doriwwer eraus kënnt Dir selwer entscheeden, wéi Dir d’Schibefënsteren an d’Glas-Schibedieren – jee no Äre Besoinen – installéiere wëllt; besonnesch am Hibléck op d’klimatesch an d’akustesch Isolatioun. Eng Veranda suergt nämlech tatsächlech och fir eng gutt Isolatioun!
Dëst mécht d’Gesamtkonzeptioun vun der Galerie méiglech, ma och d’Asetze vun duebeler respektiv dräifacher Verglasung. A schliisslech suergt eng Veranda och fir eng zousätzlech Liichtquell fir Äert Doheem, well d’Verglasung zousätzlech Liicht bedeit.
Entdeckt eis ganz Gamm u Verandaen