Bioklimatesch Pergola op d’Mooss

Installatioun vu personaliséierten, individuell konzipéierte bioklimatesche Pergolaen am ganze Land.

Ech froen en Devis!

Wat ass eigentlech eng bioklimatesch Pergola?

Hautdesdaags ass eng bioklimatesch Pergola scho bal e Must! Dës Pergolae mat Lamelle sinn ideal fir d’Gestioun vun Temperatur- a Liichtverhältnesser an Ärem Interieur an hunn sech op Terrassen a Gäert zu engem richtege Star entwéckelt.

Genéisst Är Terrass oder Äre Gaart vun elo u bei all Joreszäit! D’Gestioun vum Liicht an der Belëftung, Optioune fir d’Beliichtung an d’Heizung: Dës Pergola mécht dat alles méiglech.

Ausserdeem goufen Aluminiumspergolae vu Renson speziell fir eng laang Liewensdauer entwéckelt an halen och géint dat schlechtste Wieder duer. Dobäi kënnt och nach hire modernen a gläichzäiteg zäitlosen Design, deen Äert Doheem opwäert.

Dir Dreemt vun engem Bausseberäich fir méi Wuelbefannen an Entspanung?

Konfiguréiert elo Är Renson-Pergola!

Aluminium-Technologie vu Renson

Fir eng Robustheet ënner allen Ëmstänn

Schwenkbar Lamellen

Fir d’Sonn ze genéissen an sech viru Reen ze schützen

Waasserdicht Lamellen

Fir Nomëtteger an Owender am Dréchnen, och bei Reen

Schibedieren

Fir eng Privatsphär an Ärem Bausseberäich

Pergola Camargue®

D’Pergola Camargue® passt sech un all klimatesch Bedéngungen un. Mat senge verstellbaren Aluminiumslamelle schützt Iech dës bioklimatesch Pergola daagsiwwer viru Sonnestralen an owes léisst se de Rescht natierlecht Liicht eran.

Si ass komplett waasserdicht a gëtt esou zu engem neie Wunnraum! Mat dëser Pergola kënnt Dir bei all Wiederkonditioune vun Ärem Bausseberäich profitéieren.

  • Bioklimatesch Pergola op d’Mooss

    Mat der Technologie vu verstellbare Lamellen notzt d’Pergola Camargue® d’Sonnenastralung an d’natierlech Loftzirkulatioun optimal aus.

  • Minimalisteschen Design

    Hiren eleganten a modernen Design ass esou konzipéiert, datt si sech un all Baustil upasse léisst.

  • Storen a Schibepannoen

    Dank engem intelligente System vu Storen a Schibeelementer kann d’Pergola komplett zougemaach ginn.

  • Luxuriéis Zousazelementer

    Ekipéiert Är Pergola mat raffinéierten Detailer: LED-Beliichtung, integréiert Haut-parleuren, oppe Feierplazen … Verleet Ären Owender eng Portioun Zauber – d’Auswiel ass grouss!

  • Pergola mat Telecommande

    Mat der Somfy-Telecommande kënnt Dir ganz einfach d’Lamellen astellen an d’Beliichtung oder d’Musek umaachen.

Pergola Camargue® Skye

Wann d’Pergola am Summer dacks als Sonneschutz benotzt gëtt, dann entscheet Iech fir d’Pergola Camargue® Skye. D’Sonn a vollen Zich genéissen ze kënnen, ass e Luxus, deen sech jidderee leeschte kënne sollt. D’Pergola Camargue® Skye ass mat Aluminiumslamellen ekipéiert, déi net just schwenkbar sinn, mä sech och komplett opmaache loossen. Mat dëser neier Optioun kënnt dir d’Luminositéit an d’Loftzirkulatioun ënnert der Ofdeckung besser kontrolléieren.

  • Bioklimatesch Pergola op d’Mooss

    Pergolae mat bioklimatesche Lamelle loossen sech einfach un d’Sonnenastralung upassen a filteren d’Loft no Äre Besoinen.

  • Schibedaach

    Duerch eng speziell Technologie kënnt Dir d’Lamelle souwuel schwenke wéi och ganz opmaachen.

  • Grouss Auswiel u Gestaltungsméiglechkeeten

    Beliichtung, Haut-parleuren, Heizung: Wéi wier et, wann Dir Är bioklimatesch Pergola op en neie Level brénge géift?

  • Automatesch Ausriichtung vun de Lamellen

    Sensoren, déi d’Wiederkonditiounen erkennen, suergen dofir, datt sech d’Lamellen automatesch schwenken oder ganz opmaachen. Dir braucht Iech ëm näischt ze këmmeren!

  • Waasserdicht

    Profitéiert vun Ärem Bausseberäich, och wann et reent.

Pergola Algarve®

D’bioklimatesch Pergola Algarve® passt sech all Baustil un: Si ka fräistoend installéiert oder un eng Hausmauer ubruecht ginn – esouguer méi Pergolae loossen sech matenee verbannen. D’Befestegung ass onsiichtbar an hir Robustheet ass genee sou assuréiert wéi bei enger klassescher Pergola.

  • Bioklimatesch Pergola op d’Mooss

    Mat bis zu 150° schwenkbaren Aluminiumslamellen

  • Eng fein Struktur

    Dir kënnt Är Pergola un en Haus oder matten am Gaart installéiere loossen, ouni a punkto Ästheetik Ofstrécher ze maachen.

  • Kombinéierbar Pergolaen

    Kreéiert e Bausseberäich vu 6 x 6 m ouni Tëschestécker.

  • Eng grouss Auswiel u Säitenelementer

    Riddoen, Glaswänn, Storen oder Schibeelementer: Konzipéiert Är Pergola am Stil vun Ärem Haus.

  • Vill Ekipementer

    Kreatioun vun enger eenzegaarteger Ambiance mat LED-Beliichtung, agebauten Haut-parleuren a villen aneren Accessoiren.

Pergola oder Carport Algarve® Canvas

D’Pergola Algarve® ass eng multifunktional Iwwerdaachung, déi sech mat dem Algarve® Canvas an e Carport verwandele léisst. De fest montiéierte flaachen Daach ass extreem widderstandsfäeg a schützt Ären Auto bei all Wiederkonditioun. Dir kënnt en natierlech och als Pergola benotzen.

  • Multifunktional a fräistoend Pergola

    Ob als Carport oder Pergola – den Dach kann och mat verstellbare Lamellen ekipéiert ginn, fir et als bioklamtesch Pergola ze benotzen.

  • Anti-UV-Stoff

    Disponibel an 8 verschiddene Faarwen.

  • Extreem robuste Stolplacken-Daach

    Fir Ären Auto ze schützen, och wann et schneit.

  • Kombinéierbar fir Fläche vu bis zu 6 x 6 m

    D’Pergolaen Algarve Canvas kënne matenee verbonne ginn, fir e méi grousse Bausseberäich ze schafen.

  • Individuell personaliséiert

    Fix oder amovibel Wänn, LED-Beliichtung oder Haut-parleuren … Wielt d’Funktiounen no Ärem Wonsch.

Pergola Aero®

D’Pergola Aero® ass mat verstellbare Lamellen sou entwéckelt, datt si sech liicht u bestoend Gebaier upasse léisst. Tatsächlech ass d’Struktur sou konizpéiert, datt si mam reschtleche Wunnraum upgepasst ka ginn. Als Weiderféierung vun Ärer Terrass entsteet e ganz besonneschen neien Ambiente.

  • Dezent integréiert

    Mat sengem spezifeschen Design passt d’Pergola bei all architektonesche Stil.

  • Eng Konstruktioun op de Milimeter genee

    Prezisioun ass d’Schlësselwuert fir eng harmonesch Integratioun un de Bau.

  • Schwenkbar Lamellen

    Verstellbar Lamellen, wann Dir eng bioklimatesch Wierkung wëllt: Dir hutt de Choix!

  • Reen- a Wandsensor

    Den agebaute Sensor mécht Iech d’Liewe méi einfach a mécht d’Pergola zou, wann et dobaussen ongemittlech gëtt.

  • Kombinéierbar fir Fläche vu 6 x 6 Meter

    Dir kënnt Aero® Pergolae matenee verbanne fir en nach méi grousse Bausseberäich.

Pergola Lapure®

D’Pergola Lapure® weess mat hirer schlanker, onopfälleger Struktur am minimalistesche Stil z’iwwerzeegen. Tatsächlech passt si perfekt zu enger moderner, schlichter Architektur, awer och zu engem méi klasseschen Design. Si léisst sech ganz einfach un Är Fassad ubauen, hiren Daach léisst sech komplett zoumaachen. Donieft kann de Modell Lapure® mat eise bioklimatesche Pergolae kombinéiert ginn – esou gëtt de Bausseberäich nach vergréissert, egal ob bei Wand oder Reen.

  • Minimalisteschen Design

    Den Daach vun der Pergola gëtt vu schlichten Aluminiumsträger gedroen.

  • 100 % waasserdicht

    D’Baatsch um Dag huet e Waasser-Oflafsystem a suergt esou fir en optimale Schutz viru Reen.

  • Léisst sech mat anere Pergolae verbannen

    Fir de Bausseberäich nach ze vergréisseren a vun nach méi Optiounen ze profitéieren.

  • Panoramabléck

    E Bléck an d’Stären oder d’Genéisse vum Sonnenënnergang ass mam Schibedaach méiglech.

  • LED-Beliichtung

    Dir wëllt och owes vun Ärer Terrass profitéieren? Kee Probleem – mat der integréierter LED-Beliichtung ass dat méiglech.

Storen aus Stoff

Säitlech un Ärer Pergola ubruecht, schützen Iech Storen aus Stoff viru schlechtem Wieder, mä och géint UV-Stralen a Mustiken.

Schibepannoen

Verstäerkt d’bioklimatesch Wierkung vun Ärer Pergola, andeems Dir mat Schibepannoen d’Sonnestrale besser geréiert. D’Pannoe sinn onkomplizéiert am Entretien a loossen sech ganz oder deelweis zouzéien, wat och fir méi Privatsphär suergt.

Glaswänn

Dës Säitenelementer schützen Iech viru Wand, Reen an Insekten, ouni d’Luminositéit ze stéieren.

Riddoe fir baussen

Dës Riddoe suerge fir eng besser Privatsphär an Ärer Pergola! Schützt Iech viru virwëtzege Blécker vu baussen a genéisst Är Nomëtteger am Summer ganz entspaant.

Fix Trennwänn Linarte

E bessere Schutz viru Reen a Keelt an eng besser akustesch Isolatioun: Fix Trennwänn suerge fir méi Privatsphär, esoudatt Dir Gaart an Terrass zu jiddwer Joreszäit benotze kënnt! Duerch déi vertikal Pos vun den Aluminiumslamelle passt den Design vun dësen Trännwänn perfekt bei Är Pergola

Fix Trennwänn Linius

D’Trännwann Linius sinn änlech wéi d’Trännwänn Linarte – woura läit den Ënnerscheed? D’Pos vun de Lamelle verleeft horizontal. Wielt Dir Ären Design!

Dräieckegt Sonneseegel

Dir hutt Iech fir eng Lapure Pergola entscheet? Da kënnt Dir en dräieckegt Sonneseegel montéiere loossen – et ass elegant an aus robustem Glasfasermaterial hiergestallt.

Trennwänn mat kippbare Lamellen

Bei bioklimatesche Pergolae sinn d’schwenkbar Lamellen dacks um Daach montéiert … ma wéi wier et mat schwenkbare Lamellen als Trennwand? Mam System Loggiawood Privacy schützt Dir Iech viru virwëtzege Blécker vu baussen an hutt gläichzäiteg ëmmer frësch Loft an der Pergola!

Säitenelementer

Profitéiert vun Ärer Pergola bis spéit an d’Nuecht mat de Säitenelementer, déi Iech och bei méi killen Temperaturen owes schützen. Dat ass awer net alles! Dir hutt och d’Méiglechkeet, fir bei staarker Sonn oder zolittem Reen dobaussen ze sinn: Storen, Schibepannoen a Glasswänn schützen Iech.

Haut-parleur

Ob fir e relaxen Nomëtteg oder eng Party um Owend: Wielt Är Liblingsmusek aus a lauschtert se ganz einfach iwwer d’Haut-parleure vun Ärer Pergola!

Heizungselementer

Mat den Infraroutstraler kënnt Dir elo och vun Är Pergola bei méi killen Temperature profitéieren.

LED-Beliichtung

LED-Luuchte sinn déi optimal Léisung, wann et drëms geet, eng besonnesch Ambiance an Ärer Pergola ze kreéieren. Si sinn nohalteg a maachen d’Kontroll vun der Beliichtungsintensitéit méi einfach wéi normal Luuchten.

Liichtduerchléisseg Lamellen

Den Avantage bei liichtduerchléissege Lamellen? Eng Zousätzlech Liichtquell gëtt erméiglecht – souguer dann, wann d’Lamellen zou sinn. Sou hutt Dir och bei reeneregen Deeg eng natierlech Liichtquell vu baussen.

Sensoren

Et fänkt un ze reenen? D’Lamelle vun Ärer Pergola ginn dank de Reen-Sensoren automatesch zou. Wand-Sensore sinn och disponibel.

Steierungssystem

Bestellt mat engem Klick schwenkbar Lamellen, Beliichtung, Sensoren, Riddoen an Haut-parleuren!

Steckdous

Dir géift gären eng Luucht fir Är laang Summerowender uschléissen? Kee Probleem, well Steckdouse kënne montéiert ginn!

Integréiert LED-Beliichtung an de Lamellen

LED-Beliichtung, déi direkt an de Lamellen integréiert ass!

All disponibel Accessoiren

Fir onvergiesslech Momenter suergen eis direkt an d’Pergola integréiert Accessoirë fir héchste Confort!

Eis Partneren

METALICA huet sech mat de Leaderen vum Marché am Beräich Pergola zesummegedoen.

Déi virgestallte Pergolaen op dëser Säit goufe vu Renson® konzipéiert an entwéckelt.

Zanter 1909 entwéckelt Renson® Oase vu Wuelbefanne mat sengen intelligenten a robuste Systemer.

Metalica ass Partner vu Renson®. Als Ambassadeur vun hire Pergolae garantéiere mir eng fachgerecht Installatioun. Well d’Produkter vu Renson® sinn net just modern Verandaen, ma virun allem och Plaze vu Wuelbefannen am Fräien, deenen hire Fokus um Schutz virun de baussechten Elementer läit.

Meeschtgestallte Froen

  • 1.Wat ass eng bioklimatesch Pergola aus Aluminium a wéi funktionéiert se?

    Eng bioklimatesch Pergola aus Aluminium ass, wéi den Numm et scho seet, eng Struktur gefäerdegt aus Aluminium, mat schwenkbare Lamellen, déi Liicht, Loft a Wiermt reguléiere kann. D’Lamelle loossen sech verstellen, fir Schiet ze spenden, viru Reen ze schützen oder eng besser Loftzirkulatioun ze suergen.

  • 2. Wat fir eng Virdeeler bitt eng bioklimatesch Pergola aus Aluminium?

    Zu de gängegen Avantagë gehéieren d’natierlech Gestioun vun der Temperatur, de Schutz virun ënnerschiddleche Wiederkonditiounen, d’Méiglechkeet, sech d’ganzt Joer iwwer am Fräien opzehalen, d’Nohaltegkeet an d’Widderstandsfäegkeet vum Aluminium souwéi d’individuell Gestaltungsméiglechkeeten an den attraktiven Design vun der Struktur.

  • 3. Op wat gëllt et bei der Auswiel vun enger bioklimatescher Pergola aus Aluminium opzepassen?

    D’Elementer, déi ee soll berécksiichtege sinn d’Dimensiounen an d’Konfiguratioun vun der Pergola, d’Qualitéit vum Aluminium, d’Optioune vun der individueller Gestaltung, d’disponibel Accessoiren (z. B. Storen, integréiert Beliichtung asw.), d’Aushale vun Onwiederen, d’Garantie vum Hiersteller an d’Konditioune fir de Montage.

Eng agreabel Ambiance – direkt op Ärer Terrass!

Verglaaste Pergolaen

Op d’Mooss a moduléierbar

Entdecken

Verandaen op d’Mooss

Kommt der Natur méi no

Entdecken