Erweidert Äre Wunnraum mat enger Veranda op d’Mooss!
Och wa bioklimatesch Pergolaen ëmmer méi beléift ginn, esou sti Verandaen hinnen an näischt no. Dës komplett zoue Galerië stellen e reegelrechten neien a vollwäertege Wunnraum duer. Duerch den Ubau un Är Hausmauer kreéiere si e Wantergaart a gläichzäiteg e Summer-Salon. Dëst steigert de Wäert vun Ärem Doheem.
Devis ufroen![]()
Verstäerkt thermesch Isolatioun
Wanter wéi Summer.
![]()
Design op d’Mooss
Verandaen, ganz no Äre Wënsch.
![]()
Fir méi Confort
Mat enger Veranda, déi als Iwwergangsberäich tëscht Haus a Gaart iwwerzeegt.
![]()
Eng Struktur fir all Baustil!
Iwwer Eck, riicht Linnen, mat oder ouni Integratioun un e Balcon asw.
Meeschtgestallte Froen
1. Wat sinn d’Virdeeler vun enger Veranda aus Aluminium?
Verandaen aus Aluminium bidden eng Partie Virdeeler, wéi z. B. Nohaltegkeet, geréngt Gewiicht, bestänneg géint Korrosioun, wéineg Entretien, modern Ästheetik an d’Fäegkeet, als zousätzlech Liichtquell fir Äre Wunnraum ze fungéieren.
2. Kann ech meng Aluminiumsveranda d’ganzt Joer iwwer benotzen?
Jo, a Funktioun vun den Eegenschafte vun der Veranda an der Isolatioun kënnt Dir Är Aluminiumsveranda d’ganzt Joer iwwer benotzen. Dir kënnt zousätzlech Accessoirë wéi Isoléierglas oder Heizungssystemer uwielen, fir de Raum am Wanter op eng agreabel Temperatur ze kréien. Ausserdeem ass eng Veranda am Géigesaz zu enger Pergola am Normalfall well gutt isoléiert a sollt deemno d’ganzt Joer iwwer benotzt kënne ginn. Fir de Montage vun enger Veranda ass eng Baugeneemegung noutwenneg, déi Dir am Viraus ufroe musst.
3. Kann ech meng Aluminiumsveranda individuell u meng Wënsch a Virléiften upassen?
Jo, Aluminiumsverandae bidde vill Méiglechkeete fir eng individuell Gestaltung. Dir kënnt aus verschiddene Faarwen, Stiler vum Daach, Verglasung an Isolatioun dat auswielen, wat am beschte passt. Esouguer Elementer wéi Storen, Rolllueden oder Lëftungssystemer kënnt Dir uwielen an d’Veranda sou un Är Besoinen upassen.
Ästheetik, Luminositéit, Energieeffizienz a Belëftung … Profitéiert vun all de Virdeeler vun enger Veranda a vergréissert Äert Doheem!

