Wéini sech fir Holz- oder Holz-Aluminium-Fënsteren entscheeden?
Renovatioun vun ale Gebaier, nei Konstruktiounen… De Virdeel vum Holz an Holz-Aluminium läit op der Hand: E léisst sech un all architektonesch Stiler an Ufuerderungen einfach upassen. Wéi Dir sécherlech wësst, sinn d’Krittären, déi bei enger Renovatioun ze berécksiichtege sinn, net déi nämmlecht, wéi bei enger neier Konstruktioun. D’Upassung un d’allgemeng Ästheetik vum Gebai ass virun dësem Hannergrond e kruziale Punkt. Allerdéngs ass d’Verbesserung vun der allgemenger Energieeffizienz genee esou wichteg. Dank hirer exzellenter Energieeffizienz droen Holz- an Holz-Aluminium-Fënsteren net nëmmen zum laangfristege Klimaschutz bäi, mä och zum allgemenge Confort vun Ärem Doheem.
Devis ufroen![]()
Eenzegaarteg Schräineraarbecht
Dank den natierlechen Eegenschafte vum Holz an eiser Auswiel vu 55 Finitiounsoptioune fir Är Holzfënsteren.
![]()
Natierlech Isolatioun
D’Holzfënster schützt géint Kaméidi vu baussen a limitéiert de Wäermeverloscht.
![]()
Fënsteren, déi virun Abréch schützen
Eis Schräineraarbechte garantéieren de Schutzfaktor RC2.
![]()
Nohaltegkeet
Eis Holz ass gelabelt, wat d’nohalteg Bewirtschaftung vun de Bëschgebidder garantéiert, aus deenen et staamt.
Holz-Aluminium-Fënstere Josko Platin
Holz an Aluminium sinn héich energieeffizient Materialer an d’Kombinatioun dovu mécht et méiglech, den Ufuerderunge vu Passivhaiser gerecht ze ginn. Dofir kombinéieren d’Josko-Platin-Fënsteren Holz an Aluminium. D’Holz am Kader suergt fir eng agreabel Wäermt a Ambiance am Interieur. Op der baussechter Säit garantéiert Aluminium d’Laangliewegkeet vun der Fënster, ouni datt vill Entretien néideg ass. Josko-Platin-Fënstere bidden esou all d’Virdeeler vun deenen zwee Materialer. D’Rumme si fein a schmuel gefäerdegt, wat Iech en ongestéierten Ausbléck no baussen erméiglecht a maximal Liicht an de Banneberäich léisst. Fir Iech géint all Zort vu Wiederkonditiounen ze schützen, oder einfach d’Privatsphär an der Nuecht ze garantéieren, kënnen dës Fënstere mat Storen oder Rolllueden, mat oder ouni Sonneschutz, kombinéiert ginn. Schlussendlech ass alles esou designt an ausgeluecht, datt et Iech méi Rou, Confort a Privatsphär bitt.
D’Virdeeler vum Holz an Aluminium op de Punkt
Profitéiert vun optimaler Energieeffizienz fir Passivhaiser am eleganten, modernen Design.
Personaliséiert Schräineraarbechten
Faarwen a Finitioun: Personaliséiert Är Fënstere ganz no Ärem Goût
Vill Optiounen disponibel
Méckeschutz, Fënsterbänke, Gelänner, Ventilatioun: Wielt dat aus, wat Ärem Confort am beschten entsprécht.
Eenzegaarteg Uniformitéit vum Glas fir de Baussen-Look
Mat just 3 mm Ofstand tëscht Glas a Kader kënnen se mat engem einfachen Handgrëff gebotzt ginn.
Agreabel a liicht z’ënnerhalen
Schmotz huet keng Chance! Mat hiren extreem schmuelen, horizontale baussechte Fläche sinn d’Fënstere uspriechend am Desgin a liicht ze botzen.
Dräischichteg Massivholzstruktur
Dës Struktur bitt dem Holz méi Stabilitéit géint Verformung, ouni awer vu bausse siichtbar ze sinn.
Bannen a bausse bündeg
Kee Versaz tëscht der Ëffnung an dem Encadrement. Zousätzlech, dank de feinen a sobere Rummen ouni Leeschten an Dichtungen, gëtt d’Liichtintensitéit ëm 20 % erhéicht.

Eis Partneren
Zanter 1956 fleegen d’Ekippe vu METALICA enk Relatioune mat europäesche Pionéier an der Fënster-Fabrikatioun. Eist Zil? Déi performantst an exklusiivst Solutiounen um Lëtzebuerger Marché unzebidden.
Déi éisträichesch Mark Josko ass dofir bekannt, Holz- an Holz-Aluminium-Fënsteren ze konzipéieren, déi d’Eegenschafte vun de verschaffte Materialer berécksiichtegen. D’Holz ass massiv, an Aluminium gëtt agesat, fir d’Struktur méi resistent ze maachen. Zwee Materialer, déi sech optimal fir elegant Designléisungen ergänzen, a fir eng laang Liewensdauer gebaut sinn. METALICA ass den exklusive Revendeur vu Josko-Holz-Aluminium-Fënsteren am ganze Land. Besicht eise Showroom zu Esch-Uelzecht an entdeckt eis ganz Pallett vun Holz-Aluminium-Fënsteren an -dieren!
Meeschtgestallte Froen
1. Wat sinn d’Virdeeler vun Holzfënsteren am Verglach zu anere Materialer?
D’Holzfënstere bidden am Verglach zu Fënsteren aus anere Materialer, wéi PVC oder Aluminium, eng Rei Virdeeler – hei e puer dovun:
1. Ästheetik: Holzfënstere bidden eng natierlech an zäitlos Schéinheet. Holz ass waarm, authentesch a kann sech un ënnerschiddlech architektonesch Stiler upassen, egal ob et sech ëm en traditionellt oder modernt Gebai handelt.
2. Thermesch an akustesch Isolatioun: Holz isoléiert op eng natierlech Manéier. Holzfënstere bidden eng exzellent Isolatioun, d. h. si droen dozou bäi, d’Wäermt am Wanter am Haus an et am Summer angeneem kill ze halen. Ausserdeem suergt d’Holz fir eng gutt Schallisolatioun a reduzéiert Kaméidi vu baussen.
3. Durabilitéit: Gutt gefleegten Holzfënsteren hale vill Jore laang. Dat Holz, dat an eise Fënstere verschafft gëtt, gouf traitéiert, fir et géint Schimmel, Insekten an aner méiglech Schiet ze schützen. Donieft kënnen Holzfënsteren, am Géigesaz zu PVC- oder Aluminiumsfënsteren, reparéiert a restauréiert ginn, wat hir Liewensdauer verlängert.
4. Nohaltegkeet: Holz wiisst no a gëllt als nohaltege Rohstoff – esou wäit et aus verantwortungsvolle Ressourcë staamt an nohalteg bewirtschaft gëtt. Mam Choix fir eng Holzfënster aus zertifizéierte Quellen drot Dir aktiv zum Erhale vu Bëscher an d’Miniméiere vum ekologesche Foussofdrock bäi.
5. Flexibilitéit am Design: Holzfënstere kënnen individuell un déi spezifesch Ufuerderunge vun Ärem Haus ugepasst ginn. Si bidden eng grouss Flexibilitéit a punkto Formen, Gréissten a Surfacen, wouduerch eenzegaarteg a personaliséiert Fënsteren entstoe kënnen.
Wat wichteg ass ze beuechten, ass eng reegelméisseg Fleeg vun Holzfënsteren – just esou bleiwen de Look an d’Leeschtungsfäegkeet erhalen. Dat bedeit, datt d’Fënstere viru Fiichtegkeet geschützt, reegelméisseg nei ugestrach a lackéiert, a fachgerecht propper gemaach musse ginn. Bei enger richteger Fleeg bidden Holzfënsteren allerdéngs vill ästheetesch a funktional Virdeeler. Holz-Aluminium-Fënsteren dogéint hunn de Virdeel, datt se manner Fleeg brauchen, well fir de baussechten Aluminiumschutz keng spezifesch Behandlung néideg ass.
2. Sinn Holzfënsteren energieeffizient?
Holzfënstere kënnen energieeffizient sinn, dëst hänkt allerdéngs vun e puer Faktoren of, wéi z. B. der Konstruktioun, der Installatioun an der Veraarbechtungsqualitéit vun de Fënsteren. Hei sinn eng Rëtsch Punkten, déi ze beuechte sinn:
1. Isolatioun: Holz isoléiert op eng natierlech Manéier, wat bedeit, datt et eng gewësse Widderstandsfäegkeet géint Hëtzt a Keelt huet. Gutt gebauten Holzfënstere mat Isoléierverglasung kënnen dozou bäidroen, de Wäermeverloscht am Wanter ze reduzéieren an d’Andrénge vun der baussechter Hëtzt am Summer ze begrenzen. D’Energieeffizient vun Holzfënsteren hänkt awer och vum U-Wäert of, deen déi thermesch Konduktivitéit moosst. Wat den U-Wäert méi niddreg ass, desto méi energieeffizient ass d’Fënster.
2. Verglasung: Holzfënstere kënne mat verschiddene Verglasungen ekipéiert ginn, wéi z. B. Duebel- oder Dräifachverglasung, déi eng besser Isolatioun bidde wéi Eefachverglasung. Duerch den Abau vu Low-E-Beschichtungen an Inertgasen tëscht de Scheiwe kann d’Energieeffizienz nach eng Kéier verbessert an de Wäermeverloscht reduzéiert ginn.
3. Ofdichtung: E fachgerechte Montage vun Holzfënsteren ass fir eng gutt Loft- a Waasserofdichtung kruzial. Héichwäerteg Dichtungen an eng gëeegent Isolatioun ronderëm d’Fënstere kënnen onerwënschte Loftstréimunge reduzéieren an esou d’Energieeffizienz verbesseren.
Et ass wichteg ze beuechten, datt d’Energieeffizienz vun enger Fënster och vu senger Upassung un déi lokal Klimaverhältnesser souwéi vu senger korrekter Verwendung ofhänkt. Esou kënne beispillsweis d’Ausriichtung vun der Fënster, d’Installatioun vun engem Sonneschutz an eng adequat Belëftung dozou bäidroen, déi gesamt Energieeffizienz z’optiméieren.
3. Wéi ënnerhalen ech Holzfënsteren?
Hei e puer nëtzlech Tipps fir d’Fleeg an den Entretien vun Holzfënsteren:
1. Reegelméisseg Botz: Botzt Är Holzfënstere reegelméisseg, fir Schmotz, Stëbs an aner Oflagerungen ze besäitegen. Benotzt e mëllt Duch, wotlecht Waasser an eng duuss Seef. Vermeit aggressiv Chemikalien a sec Botzmëttel, déi d’Holz beschiedege kéinten. Dréchent d’Fënsteren no der Botz gutt of.
2. Reegelméisseg Inspektioun: Kontrolléiert den Zoustand vun Ären Holzfënstere reegelméisseg, fir éischt Unzeeche vu Beschiedegungen, Schimmel oder Verschläiss festzestellen. Iwwerpréift den Zoustand vum Holz, den Dichtungen, der Verglasung an der Quincaillerie. Reparéiert oder ersetzt defekt Stécker direkt, fir weider Schied ze vermeiden.
3. Schutz viru Fiichtegkeet: Holz ass fiichtegkeetsempfindlech. Dofir ass et wichteg, datt Dir Är Holzfënstere viru Waasser schützt. Stellt sécher, datt d’Fënsterbänke gutt ofgedicht sinn an d’Kullange vun Ärem Haus richteg funktionéieren, fir d’Andrénge vu Waasser ze verhënneren. Fléckt eventuell ondicht Plazen, soubal Dir se entdeckt.
4. Usträichen a lackéieren: Holzfënstere brauchen eng Schutzschicht, déi als Schutz virun de Wiederkonditioune fungéiert. Drot en héichwäertege Lack a Faarwen op, déi speziell fir d’Holzfënsteren entwéckelt goufen. Beuecht och, datt d’Surface, virum Opdroe vun der Beschichtung, propper gemaach soll sinn. Respektéiert d’Uweisunge vum Hiersteller, fir en optimaalt Resultat ze kréien.
5. Reparatioun a Restauratioun: Wann Är Holzfënster Beschiedegunge wéi Ofspläiterungen, Rëss oder Schimmel opweisen, da reparéiert dës esou séier wéi méiglech. Fëllt Rëss mat engem gëeegente Mastik an ersetzt déi beschiedegt Stécker, falls noutwenneg. Wann Är Holzfënsteren al sinn an eng méi ëmfaassend Restauratioun néideg ass, da sollt Dir spezialiséiert Fachleit un d’Wierk loossen.
6. Entretien: Beuecht, datt d’ Quincaillerie vun Äre Fënstere wéi d’Grëffer, d’Jarnéier an d’Schlässer reegelméisseg geschmiert ginn, esoudatt se impeccabel funktionéieren. Verwent e gëeegent Schmiermëttel, fir Korrosioun an en Upechen ze vermeiden.
7. Preventioun géint Insekten a Schädlingen: Schützt Är Holzfënstere virun Insekten a Schädlingen, andeems Dir Insektizide verwent oder Holzschutzmëttel opdrot. Beuecht dobäi d’Consignë vum Hiersteller a went Iech u spezialiséiert Fachleit, wann Dir vun engem Befall ausgitt.
Wann Dir dës Tipps fir eng reegelméisseg Fleeg respektéiert an déi noutwenneg Entretiensaarbechten duerchféiert, kënnt Dir d’Schéinheet an d’Leeschtungsfäegkeet vun Ären Holzfënstere laang erhalen.
Selbstverständlech kann Iech Metalica Services och e punktuellen Entretien ubidden oder besser nach: Dir entscheet Iech fir e Joreskontrakt.
Kombinéiert Confort mam Natierlechen, mat eisen Holz- an Holz-Aluminium-Fënsteren!

