Jobofferen

Mir rekrutéieren

Metalica ass e Betrib, deen sech op Fënsteren an Dieren, Fassaden- a Sonneschutzsystemer spezialiséiert huet. E schafft souwuel mat Professionelle wéi och mat privat Leit, fir d’Energieeffizienz vu Gebaier ze verbesseren – sief et bei Neibauten oder Renovatiounen. Mir stellen déi vun eis verkaaften Aluminiumsrummen an eisen Atelieren zu Esch-Uelzecht selwer hier a këmmeren eis och ëm de Montage an den Entretien direkt bei eise Clienten. D’Éierlechkeet, d’Integritéit an d’Sécherheet vun eise Mataarbechter souwéi d’Zefriddenheet vun eiser Clientèle: Dat sinn eis Wäerter, déi eis undreiwen an d’Fundament vun eisem Betrib bilden. Dëst gëtt ënnerstrach vun eise véier Zertifizéierungen, déi d’Qualitéit vun eisen Engagementer festegen. Doriwwer eraus si mir Member vun der Associatioun MLQE, déi d’Missioun huet, eenzel Virgäng am Management an an der Gestioun vu Projeten ze verbesseren. An deem Kader engagéiere mir eis, fir eis Aarbechtsweis permanent z’optimiséieren. Mir si reegelméisseg op der Sich no neie Mataarbechter a Mataarbechterinnen, fir eis Ekipp ze verstäerken. Dir sidd der Meenung, Är Kompetenzen interesséieren eis, da mellt Iech!