Fabrikatioun an Installatioun vun Aluminiumsfënsteren zu Lëtzebuerg

Energieeffizient Gebaier sinn d’Zukunft vum Bau zu Lëtzebuerg. Thermeschen an akustesche Confort, Sécherheet an Ästhetik: Dat alles si Krittären, déi Dir beim Choix vun Ärer Fënster berécksiichtege sollt. METALICA stellt zu Lëtzebuerg 100 % Aluminiumsfënsteren hier a këmmert sech landeswäit ëm d’Installatioun.

Ech froen e gratis Devis!

Aluminiumsfënstere fir all Architektur

Wann d’Gemaier vun engem Haus déi wichteg Schutzfunktioun vun Ärem Doheem dréit, esou geet den Aufgabeberäich vun enger Fënster nach méi wäit.

Well wéi kann d’Dagesliicht an d’Wunnraim kommen, ouni datt dobäi Hëtzt, Keelt a Kaméidi vu bausse mat erageréit? Duebel an dräifach Verglasung sinn eng Äntwert op dës Fro, mä och de Choix vum Fënsterchassis spillt eng weesentlech Roll fir d’akustesch an d’thermesch Isolatioun vun Ärem Doheem. Aluminiumsfënstere besonnesch erfreeën sech hei enger grousser Beléiftheet.

Mä firwat eigentlech? Ouni Zweifel, well Aluminium e liicht, zolidd an nohaltegt Material ass, wat sech ganz einfach ouni vill Entretien ënnerhale léisst an donieft passt et och bei all zäitgenëssesche Baustil. Mat senge geréngen Ausdeenungskoeffizienter kann Aluminium zu schmuele Profiller verschafft ginn: e weesentleche Krittär fir méi Luminositéit an Äre véier Wänn.

Ausserdeem gëllt dëst Material als net gëfteg: Et schützt also d’Raumloftqualitéit. An dëst alles ouni Kompromisser, wat d’akustesch an d’thermesch Isolatioun ugeet.

Devis ufroen

Komplett personaliséierbar Fënsteren

Ronn 400 Lackfaarwen, Ausféierungen an individuell Gestaltungsméiglechkeete fir all Profil, Gréisst, Form a Steierungssystem disponibel.

Héijen thermeschen an akustesche Confort

Effikass Isolatioun an alle Beräicher.

Sécherheet geet vir

Dank abrochsécheren Ekipementer, Schutz viru Broch- a Falgefor a Brandschutzmesuren.

Nohaltegt Material

Aluminium ass en nohaltegt Material, 100 % recycléierbar.

Aluminiumsfënster Schüco 75 SI

Mam Aluminium loossen sech Fënstere mat schmuele Profiller hierstellen, déi fir méi Dagesliicht an Äre Wunnraim suergen. Ma zu de weidere positive Facteure vun dëse Fënstere gehéieren donieft och eng effikass Energieeffizienz a Sécherheet.

Mat den Aluminiumsfënstere Schüco 75 SI ginn all dës Facteure berücksichtegt an optimiséiert. Mat enger Abaudéift vu 75 mm sinn dës Alu-Fënstere perfekt gëeegent fir energieeffizient Konstruktioune souwéi och Passivhaiser. D’Buschtawen “SI” heeschen “Super Isolation”, op Lëtzebuergesch also “super Isolatioun”.

D’Designer vun dëser Fënster hunn sech allerdéngs net nëmmen op d’thermesch Isolatioun konzentréiert. Och d’Ästheetik spillt eng zentral Roll, dofir gëtt eng grouss Auswiel u Profiller an Optiounen ugebueden: symmetresch oder asysmmetresch Sprossen, Sonneschutz, Belëftungssystemer asw.

  • Fënstere fir energieeffizient Residencen

    Duerch en optimiséierten Design an dräifach Verglasung.

  • Zertifizéiert mam Sëlwer-Label nom Cradle to Cradle (C2C)

    Dëse System ass optimal fir nohaltegt Bauen a steigert de Wäert vun Ärem Objet.

  • Vill Optiounen disponibel

    Onsiichtbare Sonneschutz, Belëftungssystemer, verschidden Ëffnungsméiglechkeeten asw.

Aluminiumsfënster Schüco 90 SI

Och hei läit den Accent op der Isolatioun. Mat enger Abaudéift vun 90 mm an engem grousse Choix un disponibelen Ëffnungssystemer passen sech dës Alu-Fënsteren allen architektoneschen Ufuerderungen un.

Well eng performant akustesch an thermesch Isolatioun bedeit net gläichzäiteg Ofstrécher maache bei der Flexibilitéit an de Gestaltungsméiglechkeeten – am Géigendeel. Mat den Aluminiumsfënstere Schüco 95 SI kréie souwuel residentiell wéi och kommerziell Gebaier en individuellen Design.

  • Verbessert Energieleeschtungen

    Ideal fir Gebaier mat héijen Effizienzufuerderunge wéi Passivhaiser.

  • Zertifizéiert mam Sëlwer-Label nom Cradle to Cradle (C2C) Standard

    D’Fënster Schüco 90 SI erweist sech als zukunftsorientéiert: Si eegent sech optimal fir nohaltegt Bauen a bitt Ekipementer, déi op Recycléierfäegkeet a Schuedstoffer gepréift sinn.

  • Ëffnungswénkel vun 180° méiglech

    Mat engem flexibele System fir verschidden Ëffnungswénkelen.

Eis Partneren

Zanter der Grënnung huet METALICA zolidd Geschäftsbezéiunge mat de beschte Produzente vu Fënsteren an Dieren opgebaut. Den Zweck dovun? Mir wëllen Iech déi leeschtungsstäerkst Systemer um Marché ubidden.

D’Firma Schüco bitt Profiller fir Fënsteren, Dieren an aner Sécherheetsvirriichtungen. Dës Systemer eegene sech souwuel fir Wunnhaiser wéi och fir Geschäfts- oder Bürosgebaier an hunn all den nämmlechten Zweck: Sécherheet a Confort fir jiddereen.

Mat dëse Profiller konzipéiert METALICA, agreéierte Schüco-Partner zu Lëtzebuerg, Aluminiumsfënsteren an -hausdieren a baut se op der Plaz an. Dës Fënsteren an Diere si perfekt fir privat a kommerziell Neibauten, ma eegenen sech och fir Renovatiounen.

Fir sécherzestellen, datt dat fäerdegt Produkt perfekt bei Äert Gebai an Är Besoine passt, stelle mir d’Schüco-Chassise selwer an eisen Atelieren zu Esch-Uelzecht hier.

Meeschtgestallte Froen

Reynaers Aluminium ass e belsche Spezialist fir Aluminiumsprofilsystemer fir Fënsteren, Dieren a Fassaden. Mathëllef vun dëse Systemer konzipéiert Metalica energieeffizient, nohalteg hiergestallte Baussefënsteren an -dieren a baut se bei Iech doheem an.

×

Meeschtgestallte Froen

  • Wat fir eng Virdeeler hunn Aluminiumsfënsteren am Verglach zu anere Materialer?

    D’Aluminiumsfënstere bidden am Verglach zu Fënsteren aus anere Materialer, wéi PVC oder Holz, eng Rei Virdeeler – hei e puer dovun:

    1. Durabilitéit: Aluminium ass e robust a widderstandsfäegt Material, dat sech net verzitt, net räisst an net ënner Wiederëmstänn leit. Aluminiumsfënsteren hunn eng laang Liewensdauer an erfuerdere wéineg Fleeg.

    2. Ästhetik: Aluminiumsfënstere wëssen duerch en eleganten a modernen Design z’iwwerzeegen. Si sinn a ville Stilrichtungen an Ausféierungen disponibel, soudatt se ganz einfach un ënnerschiddlech Baustiler an Interieur-Designen ugepasst kënne ginn.

    3. Liicht an dënn Fënsteren: Aluminium ass e liicht Material, wat d’Produzéieren an d’Installéiere vun de Fënsteren däitlech méi einfach mécht. Ausserdeem erlaabt d’Widderstandsfäegkeet vun dësem Material, dënn Rummen hierzestellen, wouduerch d’Uewerfläch vum Glas vergréisstert an de Liichtafloss vu baussen erhéicht gëtt.

    4. Bestänneg géint d’Wieder: Aluminiumsfënstere kënnen de Wiederaflëss esou Munches entgéintsetzen. Si sinn net empfindlech op Korrosioun an UV-Stralen: Sonn, Reen, Schnéi a Wand stelle fir si keng Gefor duer. Esou sinn Aluminiumsfënsteren de perfekte Choix fir Regioune mat méi schwierege klimatesche Konditiounen.

    5. Energieleeschtung: Aluminiumsfënstere kënne mat enger thermescher Trennung ekipéiert ginn, déi d’Energieeffizienz verbessert, andeems se de Wäermeverloscht reduzéiert. Ausserdeem sinn Aluminiumsfënsteren 100 % recycléierbar, wat et zu engem ëmweltfrëndleche Material mécht.

  • Wat fir eng verschidden Zorten Aluminiumsfënstere ginn et?

    Et gi vill verschidden Zorten Aluminiumsfënsteren um Maart ugebueden, déi Optioune fir ënnerschiddlech Besoinen a Virléiften hunn. Hei e puer vun de gängegen Aluminimusfënsteren:

    – Fligelfënsteren: Dës Fënstere sinn op enger Säit befestegt a loossen sech duerch eng Schwenkbeweegung vun de Jarnéieren no baussen hin opmaachen. Si bidden eng gutt Ofdichtung a sinn onkomplizéiert am Entretien.

    – Schibefënsteren: Dës Fënstere bestinn aus zwee Deeler, engem fixen an engem beweeglechen, déi sech horizontal géigeniwwer verschibe loossen. Si sinn ideal gëeegent fir enk Raim a bidden am oppenen Zoustand eng fräi Vue eraus.

    – Kippfënsteren: Dës Fënstere kënnen no baussen hin opgemaach ginn, andeems se um ieweschten Deel geschwenkt ginn. Si sinn ideal fir Raim, an deenen eng permanent Loftzirkulatioun gewënscht ass, souguer bei Reen.

    – Fënstere mat fester Rumm: Dës Fënstere ginn net op a sinn esou konzipéiert, datt se e Maximum un Dagesliicht erafléisse loosse kënnen. Dofir eegenen si sech gutt fir Panoramavuen. Si kommen dacks a Beräicher an den Asaz, wou d’Belëftung keng Prioritéit huet.

    – Boufënsteren a speziell Ausféierungen: Aluminiumsfënstere kënnen och op d’Mooss ugefäerdegt ginn, fir se zum Beispill u speziell Formen unzepassen. Esou entsti vill Méiglechkeete fir Flexibilitéit.

    Dës Zorte vun Aluminiumsfënstere kënnen och kombinéiert ginn, fir individuell Konfiguratiounen ze realiséieren.

  • Wéi fleegt een Aluminiumsfënsteren, soudatt se an engem gudden Zoustand bleiwen?

    Bei der Fleeg an der Botz vun Aluminiumsfënstere sollt Dir op follgend Punkten oppassen:

    1. Reegelméisseg botzen: Botzt Är Aluminiumsfënsteren op d’mannst zwee Mol d’Joer, bei Bedarf och méi heefeg. Esou ginn Dreckusammlungen a Veronrengegunge vermeit.

    2. Mëllt Duch benotzen: Huelt fir d’Botz vun Ären Aluminiumsfënsteren en duusst, mëllt Duch zur Hand. Evitéiert graff Schwämm oder rau Materialer, déi d’Surface zerkraze kéinten.

    3. Duusst Botzmëttel benotzen: Benotzt eng Seef, déi net ze aggressiv ass, fir Är Aluminiumsfënster ze botzen. Loosst wotlecht Waasser mat duussem Botzmëttel an en Eemer oder benotzt speziellt Botzmëttel fir Uewerflächen aus Aluminium.

    4. Evitéiert aggressiv Chemikalien: Benotzt keng Botzmëttel op Basis vun Ammoniak, staarker Seier oder aggressiver Lotioun. Dës kënnen d’Surface vum Aluminium beschiedegen.

    5. Ausspullen net vergiessen: Nodeems Dir Är Fënster am Fong gebotzt hutt, kënnt Dir d’Reschter mat klorem Waasser ausspullen. Esou gi sämtlech Residuen evakuéiert.

    6. Mat engem propperen Duch ofdréchnen: Dréchent Är Aluminiumsfënster no dem Ausspulle mat engem propperen Duch of, fir d’Waasserréckstänn vollstänneg ewechzekréien.

    7. Mechanismen noschmieren: Wann Är Fënstere mat Mechanisme wéi Jarnéieren, Schinnen o. Ä. ekipéiert sinn, dat gëtt recommandéiert, dës Deeler reegelméisseg nozeschmieren, fir d’Funktionalitéit vun de Stécker weiderhin ze garantéieren. Dobäi ass et wichteg, en adequat Mëttel ze benotzen, déi fir déi spezifesch Mechanisme gëeegent sinn, oder op d’Angabe vum Hiersteller opzepassen.

    8. Dichtungen iwwerpréiwen: Kontrolléiert reegelméisseg, ob d’Dichtungen an d’Gummie vun Ären Aluminiumsfënsteren nach intakt sinn. Sollt Dir Unzeeche vu Beschiedegunge feststellen, dann ersetzt se sou séier wéi méiglech fir ze verhënneren, datt Loft oder Fiichtegkeet andréngt.

    Mat dëse puer einfache Schrëtt stellt Dir eng perfekt Fleeg an en adequaten Entretien vun Ären Aluminiumsfënstere sécher.

  • Ass e reegelméissegen Entretien vun der Mechanik an den Dichtungen noutwenneg?

    Jo, e reegelméissegen Entretien vun der Mechanik an den Dichtungen ass aus verschiddene Grënn ze recommandéieren:

    1. Durabilitéit a Performance: Aluminiumsfënstere si robust a widderstandsfäeg. Ma bei all de mechaneschen Elementer kënnen déi amovibel Stécker an Dichtunge mat der Zäit ofnotzen. E reegelméissegen Entretien stellt sécher, datt weiderhin alles adequat funktionéiert an och d’Liewensdauer gëtt esou verlängert.

    2. Ofdichtung: D’Dichtungen un Ärer Fënster hunn eng Missioun: Waasser a Loft net andréngen ze loossen. Mat der Zäit kënnen awer Schied entstoen oder d’Elastizitéit geet verluer. Duerch d’Iwwerpréiwen a ggf. d’Austausche vun eenzelen Dichtunge gëtt weiderhin eng gutt thermesch an akustesch Isolatioun séchergestallt.

    3. Sécherheet: D’Mechanismen, fir Är Fënster op- an zouzemaachen, mussen adequat funktionéieren, fir d’Sécherheet vun Ärem Haus z’assuréieren. Duerch eng reegelméisseg Inspektioun kënne feelerhaft Funktiounen erkannt a behuewe ginn, ier se zu engem gréissere Probleem ginn.

    4. Ästheetik a Propretéit: Un den Aluminiumsfënstere kënnen sech Dreck, Stëbs an aner Veronrengegungen usammelen. Eng reegelméisseg Botz suergt dofir, datt d’Ästheetik erhale bleift, a prevenéiert och viru Korrosioun an anere Schied op den Uewerflächen.

    Kontaktéiert METALICA fir den Entretien vun Äre Fënsterrummen – ob fir en eemolegen Entretien oder e Joreskontrakt.

Wielt optimale Confort mat Fënsterrummen aus Aluminium!

PVC-Fënsteren

Déi bescht Präisleeschtung

Entdecken

Holzfënsteren

Fir en natierlechen an zäitlose Stil

Entdecken