Är Hausdier op d’Mooss mat Metalica

D’Hausdier vun Ärem Doheem soll Iech engersäits schützen, anerersäits ass si en Aushängeschëld. Metalica hëlleft Iech bei der Auswiel an Installatioun vun Ärer Hausdier op d’Mooss zu Lëtzebuerg – fir e séchert Doheem.

Frot e gratis Devis

Firwat sollt een sech fir eng individuell konzipéiert Hausdier entscheeden?

D’Entrée vun Ärem Haus ass e ganz wichtege Beräich vun Ärem Doheem: Hei gi Bewunner a Gäscht empfaangen.

Et ass d’Hausdier, déi Iech an Ären eegene véier Wänn schützt.
Firwat also net DE Spezialist consultéieren, deen Iech bei der Auswiel vun der richteger Dier hëlleft?
Mir bei Metalica wëssen, datt eis Clientë virun allem no Qualitéit sichen.
Akustesch an thermesch Isolatioun, Sécherheet, Ästheetik, einfachen Entretien an Nohaltegkeet: Alles muss optimal konzipéiert sinn, esoudatt een sech wierklech wuel doheem spiert.

Dofir bidde mir landeswäit den Abau an d’Installatioun vun Hausdieren op d’Mooss. Ob Aluminium oder Holz: De Choix vum Material ass e Garant fir eng laang Liewensdauer an eng optimal Robustheet.

Devis ufroen

Sécherheet geet vir

Sécher, duerch innovativ Technologien.

Exzellent Energieleeschtungen

Fir e gemittlech a waarmt Doheem.

Héich Liewensdauer

Duerch de Choix vu gëeegente Materialer.

No Äre Wënsch upassbar

Mat eisem Online-Konfigurator.

Hausdieren aus Aluminium

Aluminiumsfënsteren an -diere si bekannt fir hir Durabilitéit a Robustheet an alle Beräicher, besonnesch bei schlechte Wiederkonditiounen.

Virun allem Hausdieren aus Aluminium hu vill Avantagen: Si sinn einfach z’ënnerhalen, bidden en héijen thermesche Confort a schütze viru Kaméidi vu baussen.

Déi vu Metalica konzipéiert a vu Schüco hiergestallten Hausdieren aus Aluminium hunn doriwwer eraus nach en zousätzleche Plus: hire schlanken an uspriechenden Design.
Si si modern a begréisse jiddereen, deen erakënnt, op eng elegant a gläichzäiteg diskreet Manéier. Dobäi fügen si sech perfekt an d’Architektur vun Ärem Gebai an – Faarf, Konzeptioun an Ausféierung: Alles léisst sech individuell gestalten.

A schliisslech si Schüco-Hausdieren esou konzipéiert, datt se Abriecher ofschrecken. Si loossen sech op verschidde Punkte spären, hu Sécherheetsglas a speziell Dierbänner, déi effektive Schutz bidden an all Abriecher d’Liewe schwéier maachen.

Entdeckt all eis Hausdieren aus Aluminium!

Hausdieren aus Holz

Och wann Aluminium en ideaalt Material fir Hausdieren ass, esou steet Holz em awer an näischt no.

Holz ass en natierlecht an erneierbaart Material, dat fir Bannen- a Bausseschräineraarbechte gebraucht gëtt, fir eng héich Energieeffizienz z’erreechen. De Wäermeverloscht gëtt miniméiert an eng exzellent thermesch Isolatioun garantéiert.

Dëst sinn awer net déi eenzeg Avantagen: Holz ass virun allem och e ganz eedelt a waarmt Material. Holzprofiller hunn eng besonnesch Ästheetik, déi zäitlos ass an esou bei all architektonesche Stil an Ariichtung passt.

D’Hausdieren aus Holz vun der Mark Josko mat hire klore Linne sinn heivir e perfekt Beispill. Mat hirem schlichten a gläichzäiteg modernen Design passen si genee an den haitegen Trend a kënnen, jee no Ausféierung a Faarf vun de reschtleche Fënsteren an Dieren, Ärem Doheem individuell ugepasst ginn.

Metalica ass exklusive Partner vu Josko. Mir hëllefen Iech, den optimalen Design fir Äert Haus erauszesichen, a suerge gläichzäiteg dofir, datt Är nei Dier den Design vun Ärem Haus ënnersträicht an em de leschte finalen Touch verleet.

Entdeckt all eis Hausdieren aus Holz!

Fannt elo bei Metalica Äre perséinlechen Touch mat individuellen Hausdieren op d’Mooss!